Participating towns and cities

Luxembourg Biissen (Bissen) , Luxembourg

Website:
Population:
3.150 inhabitants
Department:
Mersch
Contact:
Steffen Max
1, rue des Moulins
7784 Biissen
(++352) 83 50 03-528

Participation 2016

Activities within the week Activities within the week

Biissen (Bissen) organises activities during EUROPEANMOBILITYWEEK 2016, taking into account the annual theme.

All week
16. SEPTEMBER 2016
De Schäfferot verdeelt Kaffi
Als Optakt fir déi europäesch Mobilitéitswoch, déi viru puer Joer
an d‘Welt geruff ginn ass fir d‘Léit mat der Problematik vun der
haiteger Mobilitéit ze konfrontéieren a fir op d‘Alternativen opmierksam
ze maachen, verdeelt de Schäfferot, mat hëllef vun engem Coffee-
Bike, frësche Café, Orangëjus a Kichelcher gratis un all déi Leit déi mam
ëffentlechen Transport fueren.
De Coffee-Bike ass wei den Numm et scho seet, ee Vëlo mat engem
ganze Stand fir Café a Jus frësch zou ze bereeden.
Wou: Busarrêten an der „route de Mersch“ an „route de Boevange“
Wéini: Ab 06.30 Auer

17. SEPTEMBER 2016
Testdag vun Elektro- an Hybridautoen
Den zweeten Dag hu mir mat puer Autosmarken zesummen eng
kleng Foire fir Elektro- an Hybridautoen organiséiert. Dir kennt Iech hei
informéieren an awer och verschidden Autoen testen.
Wou: Place Frounert (Ausstellung) & Place de l‘Attert (Test)
Wéini: 10.30 bis 17.00 Auer

18. SEPTEMBER 2016
Elektrovëloe, gi virgestallt a kënne getest ginn
Och Elektrovëloe sinn an der moderner an ökologescher Mobilitéit nitt
méi ewech ze denken.
Wann Dir och intresséiert sidd, kënnt Dir gären un enger klenger
Randonnée mat engem E-Bike mat maachen. All voll Stonn gëtt een
Tour ugebueden, wou Dir natierlech och de Vëlo geléint kritt.
De ganzen Dag iwwer gitt dir vun Spezialisten beroden. Dir musst och
nitt duuschtereg an hongereg heem goen.
Wou: A Paffent
Wéini: 10.00 bis 16.00 Auer

19. SEPTEMBER 2016
Virtrag „MOBILITÉIT MAT VERSTAND. ECONOMIE MAT GEWËNN.“
Den Här David EVERARD, Nationale Koordinator vun der „Europäescher Mobilitéitswoch“ zu Lëtzebuerg, hält een Virtrag iwwert Thema „Eng
intelligent an nohalteg Mobilitéit - Eng Investitioun fir Europa“.
Programm:
• Wat ass eng intelligent Mobilitéit?
• Ass et intelligent ëmmer nëmmen op d’Geld ze kucken?
• Intelligent notzung vum ëffentleche Raum
• ENG FALSCH MOBILITÉIT SCHUED EISEM LAND
• Wat sinn d’Käschte fir d’Gesellschaft?
• ENG “VERKEHRSWENDE” JO, AWER WÉI?
Wou: Am Wonerbatti
Wéini: Ab 19.00 Auer

20. SEPTEMBER 2016
D‘Vitesse bei der Schoul dauerhaft op 30 km/h erofsetzen
Fir d‘Sécherheet vun de Kanner soll déi erlaabte Vitesse bei de
Schoule vun 50 km/h op 30 km/h erofgesat ginn. Den Avantprojet zu
dësem Thema kritt Dir am Wonerbatti virgestallt.
Wou: Am Wonerbatti
Wéini: Ab 19.00 Auer

21. SEPTEMBER 2016
Aweiung vun der BBK & eng Presentatioun
Fir de Léit, déi den ëffentlechen Transport benotzen, d‘Waardezäit
respektiv Zäit am Bus ze verschéineren, gëtt bei de Busarrêten an der
„route de Boevange“ déi éischt Biisser Bicher Kabinn ageweit.
Dat ass eng ëmgebauten Telefonskabinn, wou eng Rei Liesbicher, déi
een sech ausléine kann, dra stinn. Wann een domadder fäerdeg ass gëtt
d‘Buch einfach erëm zeréck gestallt. Wann engem ee Buch gutt gefält,
hält een et, a setzt awer een Néit amplaz. Natierlech dierf een ee Buch
wat een net méi brauch, an awer a guddem Zoustand ass, och einfach
esou un d‘Ëffentlechkeet verschenken.
Uschléissend gëtt och nach e Projet iwwert ee neien Vëloswee hei zu
Biissen virgestallt.
Wou: route de Boevange, beim Busarrêt
Wéini: Ab 17.00 Auer

22. SEPTEMBER 2016
Autofräien Dag mat „Blühende Straße“
Den 22. September ass offiziell den „Autofräien Dag“, an do maachen
mir och mat andeem d‘Mierscherstrooss tëscht der der „route de
Finsterthal“ an der „rue des Moulins“ vun 07.00 bis 19.00 komplett fir
den Trafic gespaart gëtt.
Mat dem Projet „Blühende Straße“ wäerten mir zesummen mat de
Schoulkanner an puer Kënschtler d‘Gemengenplaatz zu engem
Konschtwierk maachen.
Den ganzen Dag iwwer ginn Aktivitéiten ugebueden.
Wou: Gemengenplaatz & „route de Mersch“
Wéini: 08.00 bis 17.00 Auer

Permanent measures Permanent measures

Biissen (Bissen) implements one or more new permanent measure(s), which contribute(s) to modal transfer from private car to environmentally sound means of transport.

New or improved bicycle facilities
Improvement of bicycle network (creation of new lanes, extension, renovation, signposting etc)
Pedestrianisation
Improvement of infrastructure (new foot bridges, pavements, road crossings, zebra crossings etc)
Traffic calming and access control scheme
Speed reduction programmes in zones near schools
Accessibilities
Create wheelchair ramps
Create useful tool for people with reduced mobility
New forms of vehicle use and ownership
Use of clean vehicles
Mobility management
Adoption of school travel plans
Launch of awareness-raising campaigns
Elaboration of educational materials

Car-free day Car-free day

Biissen (Bissen) carries out a Car-Free Day 2016 and closes off one or more streets to traffic, and opens it to pedestrians, cyclists and public transport.