Participating towns and cities

Luxembourg Biissen (Bissen) , Luxembourg

Website:
Population:
3.150 inhabitants
Department:
Mersch
Contact:
Steffen Max
1, rue des Moulins
7784 Biissen
(++352) 83 50 03-528

Participation 2019

Activities within the week Activities within the week

Biissen (Bissen) organises activities during EUROPEANMOBILITYWEEK 2019, taking into account the annual theme.

16 September
Presentatioun Projet „Rouschter Strooss“
D‘Rouschter Strooss soll an deenen nächste Joren nei amenagéiert ginn. Aus deem Grond luet de Schäfferot d‘Matbierger an, fir hinnen de Projet virzestellen. Hei e klengen Iwwerbléck, wat geplangt ass:
Beim Redressement vun der Rouschter Strooss gëtt de Kräizungsberäich, wou et an déi nei Cité „An der Bléi“ erageet, duerch een anere Belag ervirgehuewen an et kommen 2 Busarrêten op dëser Plaz dobäi. Am ieweschten Deel gëtt d’Strooss an zwee gedeelt mat enger Insel mat Beem an der Mëtt. D’Strooss laanscht d’Haiser 40-68 gëtt méi breet gemaach a mat engem Pavésbelag versinn. Et gëtt eng Vëlospist ab der Héicht vun der Rue Charles-Frederic Mersch bis an d’Aktivitéitszon op der Säit vum neie Lotissement gebaut. Op der Héicht vun den Haiser 12-14 kënnt och eng Insel an d’Mëtt vun der Strooss mat engem neie Foussgängersträifen.
Wou: Wonerbatti (15, rue de la Laiterie)
Wéini: 19.00 Auer
17 September
Mam Vëlo an d‘Stad
„Mam Vëlo vu Miersch an d‘Stad“ ass ee Projet vun der LVI am Kader vun der Mobilitéitswoch, wou d‘Leit invitéiert ginn, um 6:45 Auer zesumme mam Vëlo schaffen ze fueren. Déi lescht Joren hunn och ëmmer erëm Biisser Matbierger bei dësem Tour matgemaach, wat d‘Verkéierskommissioun op d‘Iddi bruecht huet, een eegenen Depart zu Biissen z’organiséieren.
Mir invitéiere jiddwereen, matzemaachen a mam Vëlo um 6:00 Auer op d‘Kräizung Rue de Reckange/Route de Mersch ze kommen. Op der Plaz sti fir Iech ee Kaffi, Jus, eppes fir ënnerwee z’iessen an ee klenge Kaddo prett.
Wou: Kräizung „rue de Reckange“ a „route de Mersch“
Wéini: 06:00 Auer
----------------------------------------------------------------------------
Sprooche-Café
De Sproochecafé ass e Projet an eng Zesummenaarbecht vun der Integratiounskommissioun an der „Maison des associations“. Et ass eng Plaz vu fräiem Ausdrock an Austausch – de „Café des Langues“ erlaabt de Participanten, eng Sprooch ausserhalb vum akademesche Kader vun engem Cours ze üben.
Als interkulturell a generatiounsiwwergräifend Plattform ass de Sproochecafé eng Plaz, wou een nei Leit treffen a méi iwwer d‘Sprooch an d‘Kultur duerch hir Gespréicher léiere kann.
D‘Participante ginn a kleng Gruppe pro Sproochdësch opgedeelt an diskutéiere mat engem bestëmmten Thema, wat am dësem Fall „Mobilitéit“ ass. No enger Kaffispaus hunn d‘Participanten d‘Méiglechkeet, een aneren Dësch ze wielen an domadder och eng aner Sprooch.
Umeldung: +352 26 68 31 09 oder info@mda.lu
Wou: Wonerbatti (15, rue de la Laiterie)
Wéini: 18:00 Auer
18 September
Aweihung „Chemin de Bousbierg“
No engem laange Chantier op dem Chemin de Bousbierg ass d‘Strooss – déi éischt vun hirer Aart zu Biissen – elo fäerdeg. Am Kader vun der Mobilitéitswoch weie mir dës Strooss den 18. September zesumme mat all de Bierger an.
Wat ass besonnesch un der Strooss?
De Chemin de Bousbierg ass an eng Zone residentielle ëmgebaut gi mat enger Vitesslimitatioun op 20 km/h. D’Fuerbunn ass op ee Minimum reduzéiert mat der Rigole an der Mëtt, wat d’Reewaasserevakuatioun verbessert. Riets a lénks vun der Strooss ass eng Zon mat enger Pavészeil ofgegrenzt, déi mat Printasphalt realiséiert gouf, fir den Autofuerer ze weisen, datt déi Zon nëmmen ausnamsweis dierf befuer ginn. De Kräizungsberäich mat der Rouschter Strooss gëtt nach am Kader vum Redressement ugepasst.
Wou: Chemin de Bousbierg
Wéini: 17.30 Auer
19 September
Trëppeltour duerch Duerf mat Erkläerung
Trëppelt mam Schäfferot duerch d‘Duerf, wou Dir verschidden aktuell an och vergaange Projeten, wéi d‘Musekhaus, d‘Foussgängerbréck, d‘Kläranlag, d‘Cité „An der Bléi“ an esou weider, erkläert kritt. Hei op der Kaart gesitt Dir ongeféier, wou den Tour (3,3 km) wäert verlafen.
Wou: Bei der Gemeng „1, rue des Moulins“
Wéini: 19.00 Auer
20 September
De Schäfferot verdeelt Kaffi
De Schäfferot verdeelt un all déi Leit, déi mam ëffentlechen Transport oder mam Vëlo fueren, e gratis frësche Kaffi, Orangëjus an e Kichelchen.
Och d‘Leit, déi Carsharing maachen oder zesummen op d‘Aarbecht fueren, däerfe gären dovunner profitéieren a kuerz bei eis stoe bleiwen.
Wou: Busarrêt „Kierch“ (route de Mersch)
Wéini: Ab 06.30 Auer
21 September
Spillplaze Rallye
Depart: Spillplaz bei der Spillschoul

De Rallye geet iwwert d‘Spillplaze bei der Spillschoul, Steekräiz, um Knapp bis bei de Frounert. Dräi vun dëse Spillplazen hunn nach Ateliere mat Spiller, déi einfach a flott sinn.
Dir kënnt och gären als Famill matmaachen. Léiert een Deel vun de Spillplazen an och nei Leit kennen.
De Spaass ass garantéiert.
Beim Frounert kritt Dir ee Maufel z’iessen a kënnt an d‘Schatztruh wulle goen.
Wou: Spillplazen „Steekräiz“, „Beim Frounert“ an „Spillschoul“
Wéini: Ab 11.00 bis 16.00 Auer
22 September
„World Car Free Day“ mam Seefekëschterennen
Déi éischt „autofräi Deeg“ gouf et schonn an de 1950-Joren, well deemools gouf et bal en Enkpass un Äerdueleg. Hautdesdaags sinn dat éischter Aktiounsdeeg, wou d‘Stroosse gespaart ginn, fir se de Bierger zréckzeginn. Esou kënne flott Evenementer op der Strooss ofgehale ginn an et mierkt ee selwer, wéi vill Plaz esou eng Strooss an engem Duerf oder enger Stad ewechhëlt.
Zu Biissen gëtt déi vill befuere Mierscher Strooss tëschent der Route de Finsterthal an der Route de Roost vu 7 bis 22 Auer komplett fir den Trafic gespaart. Esou gëtt gewisen, wéi d‘Stroossen aneschters wéi duerch d‘Autoe benotzt kënne ginn, an dofir maache mir dorausser een Duerffest mat Sprangschlässer, Musek, Spiller, Gedrénks, Iessen an - als Highlight - eist 1. Seefekëschterennen.
Am Kader vun der Europäescher Mobilitéitswoch gëtt zu Biissen den 22. September 2019 um 10 Auer ee Fun-Seefekëschterennen organiséiert.
Bass du, deng Kollegen oder Famill drun interesséiert deelzehuelen a bass du tëschent 8 an 99 Joer al an am Besëtz vun enger Seefekëscht? Da maach mat!
Weider Infoe kritt Dir am Jugendhaus, iwwert E-Mail (jugendhaus@bissen.lu) oder um +352 26 88 72 90.
Wou: Gemengeplaz & „route de Mersch“
Wéini: 09.00 bis 22.00 Auer

Permanent measures Permanent measures

Biissen (Bissen) implements one or more new permanent measure(s), which contribute(s) to modal transfer from private car to environmentally sound means of transport.

New or improved bicycle facilities
Improvement of bicycle network (creation of new lanes, extension, renovation, signposting etc)
Pedestrianisation
zone résidentielle (Living street)
Public transport services
Improvement and extension of the public transport network (creation of HOV lanes for public transport modes, new stops, new lines, reserved areas etc)
Development of new technologies to improve public transport
Traffic calming and access control scheme
Speed reduction programmes in zones near schools planned
Elaboration of new residential areas planned
Accessibilities
Create the tactile pavements
Lowering of pavements
New forms of vehicle use and ownership
Charging points for electric vehicles planned

Car-free day Car-free day

Biissen (Bissen) carries out a Car-Free Day 2019 and closes off one or more streets to traffic, and opens it to pedestrians, cyclists and public transport.