Programme des activités locales:
22. September 2006: Dag ouni Auto
D'Memberen vun der Verkéierskommissioun engagéieren sech am Kader vun der nationaler "Semaine de la mobilité" een Dag laang hiren Auto an der Garage stoen ze loossen an op den ëffentlechen Transport ëmzeklammen.
D'Verkéierskommissioun rifft de Gemengerot, d'Gemengepersonal an all Awunner op, hinnen et no ze maachen a Freideg, 22. September 2006 den ëffentlechen Transport auszeprobéieren.
D'Horairen vun de Buslinnen fënnt een op der Homepage:
www.horaires.lu/. Op der Homepage
www.mobiliteit.lu/ kann ee säi perséinleche Trajet zesummenstellen.