Am Kader vun der Aktioun Tour du Duerf invitéiert de Schäfferot vun der Gemeng Réiser an Zesummenaarbecht mat de Kommissioune fir Ëmwelt a Verkéier e Samsdeg, den 25. September 2016 op en Tour mam Vëlo (ongeféier 25 Kilometer). Nom Motto "vun der Beetebuerger Schwämm op Hesper op d'Post" wëlle mir dëst Joer emol kucken, wéi gutt d'Verbindungen tëscht dem Réiserbann a sengen Nopeschgemenge si mam Vëlo.
Deen Dag gëtt awer och en Trëppeltour (9 Kilometer) durech d'Dierfer vum Réiserbann proposéiert
Bei deenen 2 Tier geet et drëm ze kucke wéi gutt eis Weeër fir déi verschidde Benotzer sinn.
Rendez-Vous ass um 9.00 Auer zu Réiser beim Gemengenatelier.
D'Gemeng offréiert virum Depart e Fair Breakfast mat fair gehandelte Produkter. Fir dat genuch do ass fir z'iessen, mellt Iech w.e.g. op
ecologie@roeser.lu un.