Mobilitéitswoch 2016 - BEETEBUERG
Aktivitéiteprogramm fir 2016:
Freides, de 16. September 2016 ab 7.00 Auer
Verdeele vu Kaffi a Croissanten op der Gare zu Beetebuerg fir déi Leit ze éieren déi mam ëffentlechen Transport fueren.
Organisatioun : Mobilitéitskommissioun
Vu Samschdes, de 17. September 2016 bis Freides, de 7 Oktober 2016
TOUR DU DUERF-All op de Vëlo !
Schreiwt Iech an op
www.tourduduerf.lu
Organisatioun : Verkéiersverbond + Klimabündnis Lëtzebuerg
Samschdes, de 17. September 2016 ab 9 Auer
Journée commerciale
Vëlooccasiounsmaart - Expo a Verkaf vu Privatleit
(Aschreiwung obligatoresch bis de 15.September 2016 beim Ëmweltservice um
51 80 80 – 247/248)
Kommt eis Elektrovëloen entdecken, déi Iech gratis zur Verfügung stinn a schreiwt Iech an !
Bei der Vël’OK Statioun an der rte d’Esch op der Kiercheplaz
Organisatioun : Gemeng Beetebuerg an de Geschäftsverband vu Beetebuerg
Sonndes, den 18. September 2016
Start um 10.00 Auer
2 Vëlostouren duerch de Bësch mam Mountainbike oder City Bike
- 1 Tour vun 30 km – 35 km
- 1 Tour 10 bis 15 km
Treffpunkt : um 9h30 um Parking beim Fussballsterrain, rte de Mondorf
No denen 2 Vëlostier gëtt et e Maufel z’iessen.
Wichteg !: D’Kanner (bis 14 Joer mat) musse vun engem Erwuessenen begleet ginn. D’Droë vun engem Vëloshelm ass obligatoresch.
Schreiwt Iech bei der Beetebuerger Gemeng an:
Per Tel. 51 80 80-280/248 oder per e-mail :
ecologie@bettembourg.lu.
Organisatioun : Gemeng Beetebuerg + Vëlo Club „La Vitesse“ Beetebuerg + Mobilitéitskommissioun
D’Matmaachen ass op eege Verantwortung.
Weider Informatiounen fannt Dir op eisem Internetsite
www.bettembourg.lu ënnert der Rubrik „Mobilité“.