All week
SAMSDES, DE 16. SEPTEMBER
Car Sharing & Elektromobilitéitsdag
Den eischten Dag hu mir mat puer Händler zesummen eng kleng Foire
fir Elektro- an Hybridgefierer organiséiert. Dir kennt Iech héi iwert déi
verschidden Autoen, Motorrieder a Vëloen informéieren an awer och
verschidde Gefierer testen.
Donierft ass CityMov mat engem Stand do fir hiert Konzept firzestellen,
an Iech äer Froen ze beäntweren.
Wou: Place Frounert (Ausstellung) & Place de l‘Attert (Test)
Wéini: 10.30 bis 17.00 Auer
-----------------------------------------------------------------------------------
SONNDES, DE 17. SEPTEMBER
Nohalteg an Ëmweltbewosst Navette fir d‘Marche Gourmande
Um 2. Dag stellt d‘Gemeng der Fanfare een Elektrobus als Navette. Esou
kenne sie d‘Leit Ëmweltbewosst vun A op B brengen.
Ee weidere Virdeel ass d‘Rou während dem Fueren. Natierlech duerfen
och Leit mat fueren déi net mat trëppelen.
Wou: Aal Sportshal (2, Chemin de Bousberg)
Wéini: 09.00 bis 12.00 Auer
------------------------------------------------------------------
MÉINDES, DEN 18. SEPTEMBER
De Schäfferot verdeelt Kaffee
Um 1. Dag vun der neier Woch verdeelt de Schäfferot als
Merci, un all déi Leit, déi mam ëffentlechen Transport fueren
ee gratis frësche Kaffi, Orangëjus an ee Kichelchen. Och Leit
déi Carsharing maachen, oder zesummen op d‘Aarbescht
fueren duerfen och gären dovunner profitéieren.
Wou: Busarrêten an der „route de Mersch“
an „route de Boevange“
Wéini: Ab 06.30 Auer
----------------------------------------------------------------------
DËNSCHDES, DEN 19. SEPTEMBER
Kanner-rallye
D‘Maison Relais vu Biissen organiséiert mat der Gemeng
ee Rallye duerch Duerf. Esou leiere d‘Kanner an och d‘Elteren
déi verschidde Méiglechkeete kennen, wéi een zu Fouss an
d‘Schoul ka kommen, an och wat eist Duerf ze bidden huet.
Op déi Kanner déi mat maache waart ee klenge Kaddo.
Wou: Bei der Maison Relais
Wéini: Ab 14.00 Auer
----------------------------------------------------------------------------------
MËTTWOCHS, DEN 20. SEPTEMBER
Konferenz Owend „Plan de Mobilité d‘entreprises“ an Aweihung vum "Sharing-Bus"
D‘Mobilitéitszentral hält eng Konferenz iwwert déi
verschidde Méiglechkeeten op d‘Aarbescht ze fueren, an ausserdeem
erkläert ginn wéi ee „Plan de Mobilité d‘entreprise“ ausgeseit.
Am Uschloss gëtt de „Sharing-Bus“ vun der Gemeng firgestallt an
ageweit.
Wou: Am Wonerbatti
Wéini: Ab 19.00 Auer
-----------------------------------------------------------------------------------
DONNESCHDES, DEN 21. SEPTEMBER
Aweihung Velospiste & Velosdag
Deen neien Deel vun der Vëlospist gëtt ageweit, an dofir invitéiere mir
jiddweree mat sengem Vëlo a Pafent ze komme fir déi nei Streck ze
testen. Et wäert och ee Vëlosverkeefer do sinn deen Iech berode kann.
Wou: A Pafent
Wéini: Ab 17.00 Auer
--------------------------------------------------------------------------------------
FREIDES, DEN 22. SEPTEMBER
Autofräien Dag mat „Concertsowend“
Den 22. September ass offiziell den „Autofräien Dag“. Nom grousse
Succès vum leschte Joer hëlt Biisser Gemeng erëm drun Deel, andeem
d‘Mierscherstrooss tëscht der „route de Finsterthal“ an der „rue des
Moulins“ vu 07.00 bis 19.00 komplett fir den Trafic gespaart gëtt.
De ganzen Dag iwwer ginn Aktivitéiten fir Grouss a Kleng ugebueden,
zB.: Sprangschlässer, Spiller an XXL an eng Gladiatorenarena.
Mir hunn och een Atelier wou Kanner mat ferngesteiert Solarbooter
fuere kennen.
Als Ofschloss gëtt ee Concert vun Biisser Museker mat hieren Bands op der Gemengeplaz organiséiert. Den „CLOSED ROAD MUSIC FESTIVAL“
Wou: Gemengeplaz & „route de Mersch“
Wéini: 09.00 bis 24.00 Auer