16 September
Grousse Spadséierdag zu Fouss, um Velo, an der Kutsch, …
Am Kader vun der europäischer Mobilitéitswoch organiséiert d’Gemeng Mäerzeg an Zesummenaarbecht mam Feeschter, de Kommissiounen, dem Grupp Leader Atert-Wark an dem ORT-Guttland op Kiermessonndeg, 16. September 2018 ee groussen Spadséierdag wou d’Mäerzeger Bierger Trëppeltier, Velos-Touren oder Mountainbike-Touren sollen proposéieren, mam Zil, ee qualitativen Réseau vu verschiddene Weeër an der Gemeng Mäerzeg ze schafen.
De 16. September 2018 gi mir dann zesummen a verschiddenen Gruppen d’Weeër of an huelen se elektronesch mat GPS-Systemer op.