Activities within the week
Réiser (Roeser)
organises activities during EUROPEANMOBILITYWEEK 2019, taking into account the annual theme.
17 September
Rendez-Vous um 08:40 Auer zu Bierchem op der Gare
En Tour mam ëffentlechen Transport queesch duerch d’Land
Mir starte moies fréi zu Bierchem op der Gare, genéissen zu Waasserbëlleg e Kaffi, iessen zu Iechternach zu Mëtteg, stäerken eis zu Miersch, éier mir den Heemwee iwwer d’Stad op Bierchem untrieden.
Organisatioun: Club 50+ Eist Heem
18 September
Rendez-Vous um 14.00 Auer zu Bierchem beim Club 50+ Eist Heem (54, rue Oscar Romero, L-3321 Berchem)
Trëppeltour
Mir genéissen e relaxen Nomëtteg op der Musel an trëppelen zu Schengen.
Organisatioun: Club 50+ Eist Heem
19 September
Rendez-Vous um 10.00 Auer zu Bierchem beim Club 50+ Eist Heem (54, rue Oscar Romero, L-3321 Berchem)
Mam Vëlo duerch de Réiserbann
Ronderëm Bierchem, Béiweng, Réiser a Krautem fuere mir iwwer Peppeng zeréck an de Club, wou eis e Fitnessbuffet erwaart.
Organisatioun: Club 50+ Eist Heem
20 September
Rendez-Vous um 14.30 Auer zu Bierchem beim Club 50+ Eist Heem (54, rue Oscar Romero, L-3321 Berchem)
Kraiderwanderung
Zesumme mat der Diddelenger Kraiderfra Monique Meyer maache mir eis op de Wee a loossen eis weisen an erklären, wat fir Kraider direkt virun onser Hausdier wuessen a wéi se kënne wierken.
Organisatioun: Club 50+ Eist Heem
22 September
Rendez-Vous um 9.00 Auer zu Beetebuerg op der Gare
Trëppeltour
vun 12 Kilometer zesumme mat der Beetebuerger Gemeng, den Tour geet duerch déi 2 Gemengen. An der Mëtt vum Tour gëtt ët eng kleng Stäerkung. Dot w.e.g. Wanderschong
un an dem Wieder entspriechend Kleeder. De Wee ass NET gëeegent fir Poussetten a Kutschen.
Organisatioun: Gemeng Beetebuerg zesumme mat der Gemeng Réiser