Mam Vëlo an d‘Stad
„Mam Vëlo vu Miersch an d‘Stad“ ass ee Projet vun der LVI am Kader vun der Mobilitéitswoch, wou d‘Leit invitéiert ginn, um 6:45 Auer zesumme mam Vëlo schaffen ze fueren. Déi lescht Joren hunn och ëmmer erëm Biisser Matbierger bei dësem Tour matgemaach, wat d‘Verkéierskommissioun op d‘Iddi bruecht huet, een eegenen Depart zu Biissen z’organiséieren.
Mir invitéiere jiddwereen, matzemaachen a mam Vëlo um 6:00 Auer op d‘Kräizung Rue de Reckange/Route de Mersch ze kommen. Op der Plaz sti fir Iech ee Kaffi, Jus, eppes fir ënnerwee z’iessen an ee klenge Kaddo prett.
Wou: Kräizung „rue de Reckange“ a „route de Mersch“
Wéini: 06:00 Auer
----------------------------------------------------------------------------
Sprooche-Café
De Sproochecafé ass e Projet an eng Zesummenaarbecht vun der Integratiounskommissioun an der „Maison des associations“. Et ass eng Plaz vu fräiem Ausdrock an Austausch – de „Café des Langues“ erlaabt de Participanten, eng Sprooch ausserhalb vum akademesche Kader vun engem Cours ze üben.
Als interkulturell a generatiounsiwwergräifend Plattform ass de Sproochecafé eng Plaz, wou een nei Leit treffen a méi iwwer d‘Sprooch an d‘Kultur duerch hir Gespréicher léiere kann.
D‘Participante ginn a kleng Gruppe pro Sproochdësch opgedeelt an diskutéiere mat engem bestëmmten Thema, wat am dësem Fall „Mobilitéit“ ass. No enger Kaffispaus hunn d‘Participanten d‘Méiglechkeet, een aneren Dësch ze wielen an domadder och eng aner Sprooch.
Umeldung: +352 26 68 31 09 oder
info@mda.lu
Wou: Wonerbatti (15, rue de la Laiterie)
Wéini: 18:00 Auer