Mobilitéitsdag
Um Mobilitéitsdag vun der Gemeng Mäertert steet d'Mobilité douce am Fokus.
Vun 10h30 bis 17h30 kënnen E-Bikes, déi gratis vu Rent a Bike Miselerland zur Verfügung gestallt ginn, am Park Mäertert ausgeléint ginn. Donieft gëtt moies e guidéierten Trëppeltour a mëttes eng guidéiert Vëlostour ugebueden.
Kommt bis laanscht an trëppelt an/oder fuert mat an entdeckt eis Gemeng!
Weider Informatioune fannt dir (geschwënn) an der Agenda op www.mertert.lu.