Vëlooccasiounsmaart um Beetebuerger Maart
Expo a Verkaf vu Vëloen
Vu 15h00 bis 18h00
D’Aschreiwung ass obligatoresch bis de 14. September 2018 beim Ëmweltservice um
51 80 80 – 247/248 oder per e-mail op
ecologie@bettembourg.lu
Dir kënnt eis Äre Vëlo ab 14h30 op d’Kiercheplaz bréngen an e bis spéitstens 18h30 siche komme wann en net verkaaft ass.
Vël’OK Infostand
Bréngt Är mKaart mat a schreift Iech op der Plaz an! Wann der keng mKaart hutt, kritt der eng.
Ab 15h00 op der Kiercheplaz
Organisatioun: Gemeng Beetebuerg + CIGL Esch
LVI Vëlosparcours fir Kanner
Hei ass Geschécklechkeet gefrot!
Op dësem Parcours léieren d’Kanner hire Vëlo besser kennen a léieren, wéi se sech méi sécher am ëffentleche Verkéier kënne fortbewegen.
Wichteg! D’Droe vun engem Vëloshelm ass obligatoresch. All Kand muss en eegene Vëlo matbréngen.
D’Matmaachen ass op eege Verantwortung.
Vu 15h00 bis 18h00 um Parking bei der Kierch
Organisatioun : Gemeng Beetebuerg + Mobilitéitskommissioun
Vëlocodage vun der Police
Um Stand vun der Police kënnt Dir Äre Vëlo codéiere loossen. (op Presentatioun vun Ärer carte d’identité)
Vu 14h00 bis 16h00 op der Kiercheplaz
Opgepasst: net méiglech fir Vëloe mat engem Kader aus Carbon.
Entdeckt och aner Stänn wéi de Flex Carsharing vun der CFL, de Verkéiersverbond, de Vëlkal an den Dreambike Shop
Ab 14h30 op der Kiercheplaz