All week
Autofräie Sauerdall
Programm vu 10h - 17h
Vum Millewo bis op de Willspull ass déi 7km laang Stréck vun der N27 fir all motoriséierte Verkéier gespaart. Ouni Steigung eng ideal Stréck fir déi ganz Famill. Vum lerpeldenger Dräieck bis de Millewo, a vum Willspull bis op d'Buurschter Millen ass op 30km/h erofgesat.
An der Mëtt vun der Stréck erwaarden Iech vill Animatioun, e Sprangschlass, de Ludobus, d'Cycles comiques Olm, Musek mam Lisa Mariotto (11:30 - 13:30) an Akustiks (14:00 - 16:00).
E VTT-Parcours fir Kanner a Jugendlecher mam Lex Reichling a mam Suzie Godart.
Et gëllt an alle Fäll de "Code de la route" ze respektéieren!
De ganzen Dag an der Mëtt vum Parcours : Animatioun, Grill, Gedrénks, Eisekuchen